: Reeducatioun vum ATM
Reeducatioun vum ATM (Kiefergelenk) D'ATM ass e komplext Gelenk : et ass dat eenzegt Gelenk ,dat Zänn huet. Dofir ass d'Zesummenaarbecht mat Ärem Zänndokter an Ärem Physiotherapeut ganz wichteg. Jidderee vun hinnen huet eng wichteg Roll an der Resolutioun vun den ATM Probleemer.
Zännknirschen, Péng, Blockage ?
D'Stéierungen um Niveau vum Kifergelenk kënne vun Dysfuntkiounen, vun der Regioun vum Halswirbel oder vun der Regioun vum Schiedel kommen.
Wéi bei all Gelenk, fanne mir am ATM Gelenkfächen, Synovial Flëssegkeet, eng Kapsel, Bänner, Muskelen, Seenen an och d'Präsenz vun engem Gelenkdisk. Dës Strukture kënnen Arthros, Entzündungen, Kapselverklengerungen, Gelenklaxitéiten a Muskelverspanungen oder en Deplacement vum Disk provozéieren.
D'Patiente kënne follgend Symptomer hunn : Migräin / Péng vun der Nuque Ameisepike roderëm de Beräich vum Kifer Péng fir ze knaen fir seng Zänn zesummenzepressen oder beim Gaapsen E Knirschen oder Blockage am Ënner/Uewerkifer E Reiwe wärend dem Knaen oder bim Mondopmaachen E Réckgang vun der Beweeglechkeet vum Kifer Eng Verännerung vun dne Zänn beim Zesummebäissen.
Et ass méiglech dës Symptomer mat der Kinesitherapie an Äre Kinetherapeuten ze behandelen.
Als éischt gëtt eng Evaluatioun vun der Haltung, vum Hals, vum Réck a vun de Knéigelenker gemaach. D'Stäerkt an d'Spannung vun de Muskele wéi och d'Stabilitéit vun de Bänner ginn evaluéiert.
An der Praxis Hardy benotze mir fir d'Kinesitherapie d'Approchen an der manueller Therapie fir eng Normalitéit vun de Beweegungen erëmhierzestellen D'Technike fir d'Muskelen z'entspanen, dëst um Niveau vun den temporale Muskelen an deenen vum Mond/Kifergelenk. Eng Rëtsch Exercicer fir déi positiv Resultater wärend de Seance bäizebehalen. D'Réckeschoul (axial Ausbreeedung fir den Drock vum Schiedel ze miniméieren. Elektrotherapie (Ultraschall) Rotschléi fir d'Preventioun kritt ee wärend dem Traitement mat op de Wee.
Mat dësen Approchen wëlle mir d'Probleemer an d'Symptomer vum ATM verbesseren a ganz behiewen.
Praktesch Informatiounen
Cabinet zu Dudelange
Jean-Christophe HARDY
4 Am Duerf
L-3436 Diddeleng
LUXEMBOURG
Tel. : +352 51 58 20
Fax : +352 26 51 39 06
Mail Adress : info@kinesport.lu