Servicer fir déi pediatresch Rehabilitatioun - KINESPORT 2019 - DUDELANGE

Aller au contenu
: Pediatresch Rehabilitatioun

Vun der Gebuert bis zum Schluss vum Wuesstem, kann e Kand Physiotherapie brauchen.

Déi heefegst Grënn kënne follgend sinn :

Ootmungspathologien (Bronchite, Mukoviszidos…)
Orthopädesch Probleemer : falsch Opkomme vum Fouss, Hëftprobleemer, Péng an der Nuque, Plexus brachialis, Skolios, Arthros bei Kanner)
Neurologesch Pathologien  (BMI, Spina bifida, Lämungen...)

Mir setzen  grouss Prioritéit eise Patienten an hiren Elteren nozelauschteren fir hir Objektiver festzehalen.


Wat ass d'Roll vun engem pediatresche Physiotherapeut ?
Et geet drëm dem Kand seng Pathologie ze behandelen an seng Evolutioun an déi adaptéiert Techniken wärend dem Traitementsprozess ze iwwerwaachen.

Mir probéieren, esouwäit et méiglech ass, dem Kand an den Elteren hir Froen ze beäntwerten. Mir denken iwwert Solutiounen no,déi dat alldeeglecht Liewen méi angeneem maachen.


Wat sinn Spezifizitéite vun der pediatrescher Physiotherpie ?
Fir eng optimal Rehabilitatioun vum Kand ass et wichteg, dem Kand seng Etwécklung an déi eenzel Schrëtter vu sengem psychomotoreschen Developpement ze kennen.

Mir probéieren esou gutt et geet d'Rehabilitatioun spilleresch ze hale fir d'Vertrauen an d'Zesummenaarbecht mam Kand wärend de Seancen z'assuréieren.


Wéi verleeft d'Seance ?
Wärend der éischter Visite probéiere mir d'Kand besser kennenzeléieren fir ze wëssen, wéi mir weiderschaffen. De Physiotherapeut kuckt successiv d'Gelenker, d'Muskulatur, dem Kand seng Péng a seng psychomotoresch Entwécklung, dëst mat geziilten Exercicer. D'Prozedur gëtt reegelméisseg op den neiste Stand bruecht.


Physiotherapie doheem
Wann de Patient Probleemer huet an d'Praxis ze kommen bitt Kinesport Team Hardy Physiotherapie personaliséiert Rehabilitatiouns Servicer doheem un.







Praktesch Informatiounen
Cabinet zu Dudelange
Jean-Christophe HARDY
4 Am Duerf
L-3436 Diddeleng
LUXEMBOURG

Tel. : +352 51 58 20
Fax : +352 26 51 39 06
Mail Adress : info@kinesport.lu

Consulatiounen op rendez-vous
Retourner au contenu